LUCKY PUNCH AN DER NOSPILLZÄIT


13 September 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Duerch e Gol an der Nospillzäit gewënnt eis éischt Ekipp den Topmatch vum drëtte Spilldag zu Beggen an iwerhëlt domatt d'Tabellespëtzt am 2.Bezirk vun der 1.Divisioun.

Matchwinner war eise Kapitän Rachid Boutarene, dee beim 2:1-Erfolleg am Stade Rue Henri Dunant déi zwee Izeger Goler markéiert huet.

Et hat awer net ëmmer sou ausgesinn, wéi wann déi Blo-Wäiss allen dräi Punkten kënnte matt heem huelen. Beggen ass no 19 Minutten a Féirung gaang an huet besonnësch an der éischter Halschend nach déi eng oder aner Chance ausgelooss. An dëser Phas koum eis Ekipp e bëssen iwerraschend zum Ausgläich, wéi de Rachid Boutarene an der 24.Minutt mam Kapp fir den 1:1 suerge konnt.

No der Paus waren di besser Chancen op Izeger Säit, et sollt awer bis an d'Nospillzäit daueren, ier de Rachid Boutarene no engem Corner vum Joël Kitenge dem Beggener Golkipp eng weider Kéier per Kappball keng Chance gelooss huet.

Matt dësem Lucky Punch an der leschter Minutt war den drëtten Erfolleg am drëtte Championnatsmatch perfekt. Et war d'Kréinung vun enger optimaler englischer Woch matt dräi Succès'en anzäit vun aacht Deeg, an e weidere Beweis fir déi phantastësch Mentalitéit, déi am Coach Paulo Moura senger Ekipp stécht.

EKIPP FC IZEG:
Guerra, Falkner (58.' Gruhonjic), Y.Cillien, Tacchi, Costa, Schanet, Boutarene, Goncalves, Mehanovic (77.' Kitenge), Maury (71.' Perkovic), Gollette