KNAPPEN ERFOLLEG GÉNGT DEN CSO


05 September 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Um drëtte Spilldag vum Championnat huet eis éischt Ekipp sech matt 1:0 géngt den CS Uewerkuer duerchgesat.

 
Duerno hat et no den éischte 45 Minutten net onbedéngt ausgesinn, well bis dohinn waren d'Visiteuren schonn déi eng oder aner Kéier un der Ausnotzung vun hire Chancen oder um excellenten Izeger Golkipp David Chenard gescheitert.
 
Kuerz no der Paus sollt sech den CSO dunn d'Liewen selwer schwéier maachen, wéi een vun hire Spiller déi giel-rout Kaart gewise krut (54.'). Nëmmen zwou Minutten méi spéit hunn déi Blo-Wäiss hir Iwwerzuel genotzt a sinn duerch e Foulelefmeter vum Michaël Gollette a Féirung gaang.
 
Allerdengs huet de glécklechen 1:0 dene Blo-Wäissen net déi néideg Secherheet ginn an et blouf bis zum Schluss souwuel spannend wéi och hektesch. Eis Jongen hunn hire Virsprong matt groussem Asaatz verteidegt an haten dobei nach e puer kritësch Situatiounen ze iwwerstoen.

An der Nospillzäit krut mam Uewerkuerer Kapitän wéinst enger Tätlechkeet e weideren CSO-Spiller déi rout Kaart, ier den Abiter de Match no 98 Minutten ofgepaff huet.
 
Ze erwähnen ass nach d'Verletzung vun eisem Spiller Haris Sabotic, fir deen de Match nëmmen 10 Minutten no senger Awiesslung schonn nees eriwer war. Vun dëser Plaatz aus wënsche mir dem Haris, dee matt Verdacht op Bännerrëss am Fouss matt der Ambulanz an d'Klinik gefouert gouf, eng gudd a séier Besserung!

De Ball vum Match gouf haut gesponsert vun den Ancien'en vun der Izeger Härenekipp!
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, B.Marques (35.' Sabotic, 46.' Faria), Jacinto, Costa, Boutarene, Dos Reis, Van Nugteren, Perkovic, H.Mehanovic, Goncalves (46.' Gollette), Falkner

Nächste Sondeg, den 12.September spillen déi Blo-Wäiss ëm 16 Auer am éischten Tour vun der Coupe de Luxembourg bei der AS Lëtzebuerg-Porto.
 
#fci1941