KENG PUNKTEN ZU STENGEFORT

KENG PUNKTEN ZU STENGEFORT

Ouni Punkten fiert eis éischt Ekipp haut vu Stengefort heem. Um fënnefte Spilldag hunn déi Blo-Wäiss matt 0:1 de Kierzere gezunn an domatt déi éischt Nidderlag dës Saison missen astiechen.

Den entscheedende Gol ass an der 25.Minutt gefall, wéi d'Lokalekipp vun engem Izeger Ballverloscht am Mëttelfeld konnt profitéieren.

Schonn nächste Sondeg, de 27.September hunn eis Jongen nees d'Geléenheet, weider Punkten ze sammelen. Dann ass den CS Gréiwemaacher zu Izeg op Besuch, Ustouss um Stade Albert Kongs ass ëm 16h00.

EKIPP FC IZEG:
Chenard, Gierenz, Y.Cillien, Falkner, Boutarene, Schanet, Mehanovic, F.Makhloufi (75.' I.Makhloufi), Perkovic (46.' Maury), Gollette (38.' Kitenge), Goncalves

Â