KENG PUNKTEN GÉNGT CEBRA


19 September 2021

HESPER VERÄINER

Créé par F.C. Blo-Wäiss Izeg

Um fënnefte Spilldag huet eis éischt Ekipp hir éischt Nidderlag kasséiert. Géngt Cebra stoung et um Enn 1:2, nodeem d'Visiteuren kuerz viru Schluss den entscheedende Gol markéiere konnten.


Dobei hat et gudd fir déi Blo-Wäiss ugefaang, déi no 24 Minutten hir éischt Golchance duerch den Dylan Costa notze konnten, fir matt 1:0 a Féirung ze goen. D'Freed war allerdengs nëmmen vu kuerzer Dauer - nach virun der Paus (36.') huet Cebra ausgeglach.


No der Paus hat et laang ausgesinn, wéi wann béid Ekippen matt engem 1:1 giffen ausernee goen. Mee no der giel-rouder Kaart géngt de Zidane dos Reis (83.') hunn d'Visiteuren an Iwwerzuel weider op d'Entscheedung gedrängt a goufen an der 89.Minutt belount.

De Ball vum Match gouf haut gesponsert vum Pierre Bremer!


EKIPP FC IZEG:
Chenard, Almeida, Jacinto, Tacchi, Boutarene, Faria (46.' Gollette), Dos Reis, Perkovic (50.' Y.Cillien), H.Mehanovic (82.' B.Mehanovic), Falkner, Costa


Nächste Sondeg, de 26.September spillen déi Blo-Wäiss ëm 16 Auer hiren nächste Championnatsmatch zu Wuermer.


#fci1941