KEE CHAMPIONNAT VIRUM 15. JANUAR


09 December 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Nodeems déi aktuell Corona-Mesuren haut vun der Regierung fir e weidere Mount verlängert goufen, steet fest, dass de Lëtzebuerger Futtball-Championnat net wéi ufanks geplangt, den 10. Januar 2021 fortgesat ka ginn.

De Spillbetrieb läit also virleefeg bis de 15. Januar op Äis. Wéini nees ka gespillt ginn, steet nach net fest.