IWERZEEGEND VICTOIRE ZU STENGEFORT


16 September 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Matt engem 3:0-Erfolleg zu Stengefort huet eis éischt Ekipp sech gëschter am Klassement op déi zweet Plaatz verbessert.

Nodeem déi Blo-Wäiss an der éischter Halbzeit e puer gudd Golchancen net konnten notzen, ass de Match matt engem 0:0 an d'Paus gaang.

Kuerz nom Säitewiessel ass de Knuet dunn awer geplatzt, wéi de Yan Falkner (49.') an de Yannick Goncalves (51.') bannent kuerzer Zäit fir en héichverdéngten 2:0-Virsprong gesuergt hunn.

Eis Ekipp hat duerno weiderhinn alles am Grëff an huet sech och an Ënnerzuel net aus der Rouh brénge gelooss, wéi de Yannick Goncalves an der 75.Minutt giel-rout gesinn hat.

Kuerz viru Schluss huet de Rachid Boutarene nach vun engem Elefmeter profitéiert, fir op 3:0 ze setzen (88.').

EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida (75.' Merino), Jacinto, Tacchi, Boutarene, Dos Reis, Perkovic (54.' Martins), H.Mehanovic, Goncalves, Falkner (83.' Y.Cillien), Costa


E Sondeg, den 19.September spillen déi Blo-Wäiss ëm 16 Auer hiren nächste Championnatsmatch doheem géngt Cebra.

 

#fci1941