Interview mam Diogo Santos


07 February 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

E-Sport ass e ganz neie Beräich beim Swift. Vun Corona-Restriktiounen gréisstendeels verschount erzielt den éichten Spiller vum Swift, den Diogo Santos "DiogoSantos26", am Interview ebssen eppes iwwer sech, Esport am Allgemengen an seng Pläng fir d`Zukunft!
 
Interview:
 
Häerzlech Wëllkomm beim Swift! Du bass säit Joren an der Gaming-Zeen e ganz bekannten Gesiicht, wéi ass et dozou komm dat`s du Video-Spiller op engem professionellen Niveau spills?
 
Villmools Merci fir dës Geleeënheet de Swift ze representéieren. Ech sinn schonn säit klengem un begeeschtert Videospiller ze spillen. Ech hunn ëmmer géint mäin Brudder oder Kolleegen gespillt. Fifa war schonn ëmmer dat Spill dat ech am meeschten gespillt hunn. Géigeniwwer vun mengen Kolleegen hat ech schonn een méi héijen Niveau. Duerch Zoufall hat ech een Post vun engem Turnéier gesinn, wou ech direkt an d`Top 3 komm sinn. Ab dem Moment hunn ech méi oft un Turnéier deelgeholl. Zousätzlech zu menger Begeeschterung Videospiller ze spillen, hunn meng kontinuéierlech Resultater mech nach weider motivéiert weider ze maachen. Méin Éiergäiz huet dozou bäigedroen, zweemol Landesmeeschter ze ginn an och International gutt Resultater ze erreechen (z.B. Top 16 EU January Qualifier).
 
De Swift ass net den éischten Veräin fir deens du als E-Sportler vertrëts, erziel eis  e bessen iwert däin Wee déi läscht Joren.
 
Meng Karriäre huet bei „FIFA Victims“ ugefaangen, dunn hunn ech bei „11F Gaming“ gewiesselt. Duerno hat ech d`Geleeënheet 3 Joer fir den FC Progrès Nidderkuer ze spillen.
 
Wéi gesäis du d`Roll vum E-Sport am Fussball? Eng flott Méigelegkeet fir Zukunft oder éischter e kuerzen Trend?
 
Menger Meenung no gëtt E-Sport vun Joer zu Joer méi grouss an et ass villverspriechend. No all dënnen Joren wou ech dobäi sinn huet sech bis haut vill verännert ,am positiven Sënn. Et brauch een nëmmen ze gesinn wéi vill Organisatiounen an Veräiner bäikomm sinn.
 
Hues du selwer och schonn „richtegen“ Futtball gespillt?
 
Jo ech selwer hunn och schonn Fussball a Portugal an hei am Land beim CS Fola Esch gespillt.
 
Wat sinn deng Zieler fir dës Saison? Wéi eng Zieler hues du längerfristeg?

Meng Zieler sinn et weiderhin Matcher an Turnéier ze gewannen an leeschtungsméisseg ëmmer Uewen ze bléiwen. Ween mech kennt weess, dass ech zielstrebeg sinn an net gären verléieren.
 
Wat ënnerscheed eng Saison am E-Sport an eng Saison an der BGL-Ligue? (vu wéini bis wéini, wat sinn déi wichteg Terminer, Tournoien,...)
 
Eng Saison am E-Sport ass am Verglach zu enger Saison anescht, et kënnen méi Matcher hannerteneen an engem Dag gespillt ginn, wat an der BGL-Ligue guer net den Fall ass. Meeschtens daueren Turnéieren nëmmen 1-2 Deeg oder Ligen 2-3 Méint. Wärend enger Liga sinn reegelméisseg 2-3 Matcher pro Woch. Déi wichteg Turnéier hei am Land sinn “POST Esports Masters”, “Orange ELeague” an international sinn dann EA Turnéier wou eent Qualifiers ginn fir op da Weltmeeschterschaft deel ze huelen.
 
Méi Informatiounen iwwert den Diogo sinn ënnert aanerem am E-Sport Beräich an op senger Facebook-Säit ze fannen!