Internationalen Weltfraendag: Affichons l‘égalité


09 March 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Zu Éier vun dräi groussen Fraen aus de Beräicher Bildung , sozialem Engagement a Kultur aus der Hesper Gemeng hunn 3 vun eise Strossen bis zum 31te März eng symbolesch Dénominatioun kritt. Dobäi stëcht niewt der „rue Nadine Bichler“ an der „rue Louise Wagner“ aus Siicht vum Futtballfrënd ganz secher als éicht d“rue Eliane Deville“ an d‘Aan. D‘Eliane (* 1940 - 2015 † ) war langjähreg Präsidentin vum Supporter Club an en absolut Uergesteen an der Buvette. Den Numm „Deville“ ass a bleiwt am Härz vun all Swift-Fan e feste Begrëff.

Grousse merci der Gemeng Hesper fir dësen flotten Projet!