Gelongenen Optakt géint RWD Molenbeek!


14 January 2023

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Den 1.Testmatch vun der Wanterpaus gewënnt de Swift doheem mat 4:3 géint d‘Gäscht vu Bréissel.
Schon no 6 Minutten huet den Lado Akhalaia d‘Lokalekipp mat 1:0 a Féierung bruecht ier Molenbeek kuerz drop an der 8.Minutt ausgeglach huet. Virun der Halbzeit huet den Dominik Stolz op 11m op 2:1 erhéicht, an och hei hunn d‘Gäscht, och no 11m erëm ausgeglach. Mat 2:2 goung et deemno an d‘Kabinnen.
No der Paus huet den Ryad Habbas op 3:2 erhéicht a kuerz huet Molenbeek sech mat engem Selbstgol en Been gestallt. Bis kuerz virun Schluss stoung et 4:2, ier Molenbeek nach op 4:3 verkierzen konnt. Alles an allem also e ganz gelongenen Optakt an d‘Preparatiounsphase fir d‘Réckronn.