FLOTTEN NOMËTTEG


31 August 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Am Kader vun engem Inklusiounsprojet huet d'reha GmbH Lebach (Saarland), en Atelier fir behënnert Leit, dës Woch zesumme matt Responsabler a Schüler vum Johannes-Kepler-Gymnasium Lebach e Velostour op Lëtzebuerg organiséiert.
 
Bei däer Geléenheet konnt den FC Blo-Wäiss Izeg eng gréisser Delegatioun um Stade Albert Kongs begréissen, wou eng ronn 30 Spillerinnen a Spiller e flotten Tournoi matt enger Selektioun vun Izeger Jugendspiller ausgedroen hunn.
 
No der sportlecher Aktivitéit hunn sech all Bedeelegt matt engem Patt an engem Maufel z'iessen gestäerkt, ier sech eis Visiteuren nees op de Wee an d'Jugendherberg an der Stad gemaach hunn.
 
E grousse Merci un eis Gäscht fir dee flotten Nomëtteg, deen ee ganz gäer kann widderhuelen!