FC Swift Hesper 5:1 US Hostert


18 July 2019

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Um Mettwochowent stoung e weideren Testmatch um Programm, daat géint de BGL-Ligiste vun Hueschtert. Nodems de Swift virun epuer Wochen am barrage-Match nach mat 0:2 verluer huet, huet et geschter besser ausgesinn. En onglécklechen 0:1 Réckstand ass an en däitlechen 5:1 Succés verwandelt ginn.
De Match hat no epuer Minutten missten fir eng länger Zäit ennerbrach ginn, well en Hesper Spiller, den Awati Abdel, ganz onglécklech mat  engem Géigenspiller kollidéiert ass, an nach um Spillfeld vum SAMU-Dokter behandelt huet missten ginn. Hien koum mat der Ambulanz an d'Spidol, säin Zoustand huet sech awer däitlech verbessert. An dem Zesummenhang en ganz grousse Merci un d'Spiller vu béiden Equippen, déi direkt den Eecht vun der Laag erkannt, a reagéiert hunn. Och e grousse Merci un d' Equipe vum SAMU, de First Responder vun den Hesper Pompjeen an un d' Ambulanz vum CGDIS, déi alleguer ganz schnell sur Place waren, an progessionell gehollef hunn!

Photoen vum Match