FC Swift Hesper 5:1 Unioun Mertert/Wasserbëlleg


08 March 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Eng weider Victoire kënnen eis Dammen feieren. Ass een an der Hinronn net iwwert een 0:0 zu Mertert rauskomm, huet een sech um Réckmatch besser geschloen an héich mat 5:1 gewonnen. Fir de Swift getraff hunn: 2x Morgane Stibling an 2x Vanessa Muller. En Selbstgoal komplettéiert d'Resultat. Domat verteidegen eis Dammen hier 1.Platz am Klassement, ier et nächsten Samsten en spannenden Match géint den Tabellenzweeten mat just engem Punkt Réckstand zu Bartreng gëtt!