FC Swift Hesper 1:2 RFCUL


14 September 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Hëtzeg Ufanksphas hunn déi 620 Spectateuren um Holleschbierg gesinn, bei där de Swift méi no um éischte Gol war ewéi d'Gäscht. Ma wéi et esou ass, war et dunn awer de Racing, deen an der 18. Minutt duerch den Tinelli d'Féierung fir de Stater Racing geschoss huet. Nëmme 4 Minutte méi spéit konnt de Mabella mat engem Volley de Score op 2:0 fir de Racing erhéijen. Den Abdallah ass dunn an der 42. Minutt am Strofraum zu Fall komm, an huet de fällegen Eelefmeter zum 1:2-Uschlossgol an de Filet gesat.
De Swift Hesper huet wuel an der 2. Hallschent versicht den Ausgläich ze markéieren, Spillfloss ass bei den Haushären awer zu kengem Zäitpunkt opkomm. De Stater Racing huet eng ganz gutt Leeschtung bruecht, ware gëfteg a huet d'Ekipp vum Jeff Strasser fréi am Spillopbau gestéiert. De Francoise hat wuel an der leschter Sekonn nach eng gutt Chance op den 2:2, mee de Ruffier am Stater Gol konnt de Ball degagéieren. Um Enn war et eng 2:1-Victoire fir de Racing.

Quell: rtl.lu

Video-Resumé:
https://www.rtl.lu/sport/news/a/1579268.html