FC Swift Hesper 1:1 RM Hamm Benfica


11 April 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Beim Match tëscht Hesper an dem RM Hamm Benfica goung d'Lokalekipp um Pabeier als Favorit an de Match. Et huet och net laang gedauert, ier d'Lokalekipp a Féierung goe konnt. No nëmme 4 Minutten hat den Här Torres op de Punkt gewisen, dëst no engem Feeler vum Neves um Stolz. Dës Geleeënheet hat sech den Abdallah net huele gelooss a sou konnt hien Hesper a Féierung bréngen. Hamm konnt sech awer erëm an de Match kämpfen a wollt sech net esou einfach geschloe ginn. Nach virun der Paus konnt de Correia an der 40. Minutt ausgläichen, dëst duerch ee stramme Schoss aus ronn 25 Meter.
Nom Säitewiessel war Hesper wuel déi dominant Formatioun, ma virun allem am Ofschloss huet et un der néideger Prezisioun gefeelt, a sou sollt et bis zum Enn beim 1:1-Remis bleiwen.
 
Text: rtl.lu