FC Swift Hesper 1:1 FC Progrès Nidderkuer


21 April 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper


De Swift ass wuel besser aus de Kabinne komm, huet awer séier missen erkennen dass de Progrès e staarken Dag erwëscht huet. An esou war et den Tekiela deen de Ball no ronn 12. Minutten an de Gol gelüpft huet an d'Gäscht domat mat 1:0 a Féierung geschoss huet. Nodeems Nidderkuer et an der Suite net gelongen ass hier gutt Chancen op den 2:0 ze notzen, ass Hesper lues a lues besser an de Match komm. E Gol sollt der Lokalekipp an enger equilibréiert 1. Hallschent awer net geléngen, sou dass et aus der Siicht vum Swift mat 0:1 an d'Kabinne gaangen ass.

Hesper ass mat 100 à l'heure aus dem Vestiaire komm an hat direkt eng richteg gutt Chance duerch de Stolz. Nëmmen 2 Minutten drop's huet de Mëttelfeldspiller vum Swift et dunn besser gemaach a konnt de Score op 1:1 ausgläichen. Dono huet sech de Match wat Offensivaktiounen ubelaangt berouegt. Vill Feeler op béide Säiten hunn de Match an der 2. Hallschent gepräägt. Et huet e bemierkt dass den Drock bei béiden Ekippen op de Schëllere géif leien, sou dass de Match um Enn mat engem 1:1-Gläichspill op en Enn geet.