FC Progres Nidderkuer 2:5 FC Swift Hesper


18 February 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

 
Béid Ekippen hunn an dëser Saison enttäuscht a sinn hiren Erwaardunge bis ewell hannendrun gelaf. Deementspriechend motivéiert si béid Formatiounen den Nodrosmatch vum 8. Spilldag ugaangen. An esou huet et an der 4. Minutt och schonns eng éischte Kéier am Gol vum Swift gerabbelt. Hesper krut de Ball net aus dem Strofraum degagéiert, sou dass de Luisi aus 13 Meter de Ball an de Filet setze konnt. An der 23. Minutt huet den Abdallah quasi mat der éischter richteger Chance fir Hesper den Ausgläich markéiert. Nëmme 4 Minutte méi spéit huet de Stiermer no schéiner Viraarbecht vum Stolz fir déi zweete Kéier zougeschloen. D'Lokalekipp ass an der Suite vun der 1. Hallschent komplett agebrach an esou hunn de Stolz an den Abdallah mat sengem drëtten perséinlechen Goal nach virun der Paus fir d'Virentscheedung gesuergt.
Déi zweet Hallschent ass do weider gaange wou déi éischt opgehalen huet. No engem Corner vum Pierrard setzt sech de Schnell an der Mëtt duerch an erhéicht de Score op 5:1. Dono ass de Match relativ roueg verlaf, dat well Hesper net méi maache misst a bei Nidderkuer um Mëttwoch Owend net méi vill sollt zesummelafen. Kuerz viru Schluss ass der Lokalekipp awer ëmmerhin nach den 2:5 duerch de jonke Bah gelongen. Eng iwwerleeë Victoire fir Hesper.

Artikel a Foto vun rtl.lu

1:0 Luisi (4'), 1:1 Abdallah (23'), 1:2 Abdallah (27'), 1:3 Stolz (38'), 1:4 Abdallah (45+2'), 1:5 Schnell (48'), 2:5 Bah (83')




Fotogalerie op RTL.lu