FC Progrès Nidderkuer 2:2 FC Swift Hesper

Foto vun Philippe Zwick



31 July 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

Um läschten Testmatch virum Unfank vun der Saison huet de Swift sech déi éicht 45 Minutten ganz schwéier gedo. No fréien Géigengoaler an der 3. an an der 13. Minutt stoung et zur Paus verdéngt 0:2 aus der Siicht vum Swift. An der zweeter Hallschend sollt et ebessen besser ausgesinn. No engem schéinen Fräistouss vum Dominik Stolz (52.Min) an engem schéinen Sondesschoss vum Kenan Avdusinovic an der 84.Minutt geet de Match um Enn mat 2:2 aus.

Foto-Gallerie vum Match...