FATAL FËNNEF MINUTTEN


12 September 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Um drëtte Spilldag an der Ligue 1 huet eis éischt Dammenekipp hir éischt Nidderlag fir dës Saison kasséiert.
 
Zu Mamer stoung et um Enn 3:1, nodeem d'Lokalekipp schonn an der Paus 3:0 vir war. Eng hallef Stonn laang hat d'Entente Izeg/Cebra dem Mamer Drock standgehal, ier et bannent fënnef Minutten dräi Mol gerabbelt huet.
 
No der Paus waren eis Meedercher vill méi present a koumen no Virarbecht vum Sania Amalou duerch d'Marine Alami zum Uschlossgol. Leider sollt et um Enn awer net méi duergoen, fir sech fir eng engagéiert zweet Halbzeit ze belounen.
 
EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: Schlimé, Raos, Pedrosa, Kieffer, Goncalves (62.' Zarnowski), Morgado, Borges, L.Noesen, Soares (55.' Jessica Lopes), Alami, Amalou (77.' Jenny Lopes)
 
No der Lännermatchpaus steet samschdes, de 25.September en Heemmatch géngt Beetebuerg um Programm. Ustouss ass ëm 19 Auer zu Zéisseng.
 
Fir eis zweet Ekipp gouf et gëschter eng 0:4-Nidderlag bei der Entente Déifferdeng/Luna.
 
Den nächste Match vun der Entente Cebra/Izeg II ass e Samschdeg, den 18.September ëm 19 Auer am Pafendall.
 
#ICC