ENTSCHEEDUNG VIRUN DER PAUS


05 December 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Um 12.Spilldag konnt eis éischt Dammenekipp sech matt 5:2 zu Hesper duerchsetzen. D'Goler sinn dobei all virun der Paus gefall.
 
D'Aurélie Clerc hat d'Entente Izeg/Cebra matt engem Hattrick (13.', 21.' an 23.') matt 3:0 a Féirung bruet, d'Lisa Noesen huet kuerz duerno (24.') op 4:0 erhéicht. An der 29.Minutt konnt d'Lokalekipp eng éischte Kéier vekierzen, mee nëmmen zwou Minutten méi spéit sollt d'Aurélie Clerc säi véierte Gol an dësem Match markéieren (1:5). Den zweeten Hesper Gol kuerz virun der Paus war gläichzäiteg d'Schlussresultat.
 
D'Entente Izeg/Cebra klëmmt no dëser Victoire an der Ligue 1 virleefeg op déi drëtt Plaatz.
 
EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA: R.Lopes, Pedrosa, Boutellaka, Goncalves, Zarnowski (46.' Kieffer), Morgado, L.Noesen, Jessica Lopes (60.' Silva), Clerc, De Jesus (65.' Jenny Lopes), Amalou
 
Nächste Samschdeg, den 11.Dezember steet de leschte Championnatsmatch fir dëst Joer géngt d'Entente Wuermer/Minsbech/Gréiwemaacher um Programm. Ustouss ass ëm 19 Auer zu Zéisseng.

-------------------------------------------------------------------------------------------------
 
Keng Punkte gouf et leider fir d'zweet Ekipp, déi matt nëmmen 10 Spillerinnen am Nodrosmatch zu Veianen matt 0:1 (0:0) de Kierzere gezunn huet. Domatt iwwerwantert d'Entente Cebra/Izeg II am Klassement matt 5 Punkten op der zweetleschter Plaatz.
 
EKIPP ENTENTE CEBRA/IZEG II: Martins, Kettel, Da Costa, Gilles, Schmid, Dias, Nilles, De Sousa, Rastoder, Alves
 
No der Wanterpaus trieden eis Meedercher samschdes, de 5.Mäerz zu Izeg géngt d'Entente Déifferdeng/Luna un.
 
#ICC