ENG FLOTT OFWIESSLUNG
07 February 2021
Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg
Soulaang de Championnat net relancéiert ass, mussen eis Spillerinnen a Spiller sech weiderhinn matt Trainingsséancen zefriddeginn.
Lescht Woch hunn d'Meedercher vun der Entente Izeg/Cebra vun der Geléenheet profitéiert, sech am neien Indoor-Komplex The Loft zu Contern Ofwiesslung ze verschafen.
E grousse Merci un d'Responsabel vun The Loft fir d'Invitatioun!
www.the-loft.lu