ENDSTATIOUN AN DER COUPE DE LUXEMBOURG


03 October 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Am zweeten Tour vun der Coupe de Luxembourg war den FC Victoria Rouspert fir eis éischt Ekipp eng Nummer ze grouss. De Favorit aus der BGL Ligue huet sech um Enn matt 6:0 duerchgesat.
 
An der éischter Halbzeit konnten sech déi Blo-Wäiss zwar déi eng oder aner gudd Golchance erausspillen, no Goler an der 12. resp. 32.Minutt ass Rouspert awer matt zwee Goler Virsprong an d'Paus gaang.
 
Nom Säitewiessel hunn d'Visiteuren matt Zäit fir kloer Verhältnësser gesuergt (51. a 67.Minutt), allerdengs hunn d'Spiller vum Trainer Paulo Moura zu kengem Moment opginn an iwwer 90 Minutten matt vill Engagement a groussem Asaatz dogéngt gehaal. De verdéngten Éiregol war eise Jongen awer leider net vergonnt.
 
Duerch zwee weider Goler huet d'Victoria d'Resultat an der 78. an 87.Minutt op 6:0 geschrauwt a steet domatt am drëtten Tour vun der Coupe de Luxembourg.

 

EKIPP FC IZEG: Chenard, Y.Cillien, B.Marques, Tacchi, Costa, Jacinto, Van Nugteren (46.' Martins), Dos Reis (65.' Perkovic), H.Mehanovic, Falkner (72.' B.Mehanovic), Goncalves


Nächste Sondeg, den 10.Oktober spillen déi Blo-Wäiss ëm 16 Auer
hiren nächste Championnatsmatch doheem géngt Walfer.


#fci1941