EN TOUR WEIDER AN DER COUPE


13 September 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Um Enn war gëschter ee Gol duergaang, fir an der Coupe de Luxembourg eng Ronn weider ze kommen.
 
Am Match vum éischten Tour bei der AS Lëtzebuerg-Porto huet de Rachid Boutarene kuerz no der Paus (49.') den entscheedenden 0:1 markéiert.
 
Respekt fir déi jonk Izeger Ekipp, déi virdrun nach nie an däer Formatioun zesummegespillt hat! Den Duerchschnëttsalter vum Kader fir dëse Match louch bei 22,4 Joer.
 
Den zweeten Tour vun der Coupe de Luxembourg gëtt sondes, den 3.Oktober gespillt. D'Auslousung ass muer Dënschdeg ëm 12.15 Auer.
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Kona, B.Marques, Merino, Boutarene (70.' Ziebart), Faria, Rust, Fernandes (40.' Van Nugteren), Kemelharen (60.' R.Marques), Gruhonjic, B.Mehanovic
 
Schonn dëse Mëttwoch, 15.September spillen déi Blo-Wäiss um 4.Spilldag vum Championnat zu Stengefort. Ustouss um Stade Demy Steichen ass ëm 20 Auer.
 
#fci1941