EN HAART STÉCK ARBECHT


09 September 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

No engem 2:1-Erfolleg no Verlängerung zu Lëntgen steet eis éischt Ekipp am zweeten Tour vun der Coupe de Luxembourg. Matt engem 1:0-Virsprong waren déi Blo-Wäiss an d'Halbzeitpaus gaang, no de regulären 90 Minutten stoung et 1:1.

Vis-à-vis vum leschte Championnatsmatch géngt Walfer hat den Trainer Paulo Moura d'Startopstellung  op aacht Positiounen verännert, an och dës Formatioun sollt nees alles ginn. Wann een d'Golchancen kuckt, kann een d'Nidderlag fir d'Lokalekipp eventuell als onglécklech bezeechnen. Déi Blo-Wäiss hunn sech de Succès awer duerch enormen Asaatz a Kampfgeescht, gudd spillerësch Momenter an net zulescht duerch eng besser Chancenausnotzung verdéngt.

De Joël Kitenge hat d'Visiteuren no 25 Minutten matt engem Schoss an de laangen Eck a Féirung bruet. Lëntgen huet doropshin Drock an Tempo erhéicht, huet awer bis déi 57.Minutt misse waarden, ier den Ausgläich gefall ass. An der zweeter Halschend vun der Verlängerung war et dunn den Izeger Kapitän Rachid Boutarene (108.'), deen seng Ekipp eng Ronn weider geschoss huet.

EKIPP FC IZEG:
Chenard, J.Cillien, Gierenz, Cornes, Boutarene, I.Makhloufi (46.' Perkovic), Faria (60.' Rust), Mehanovic (91.' Y.Cillien), Schanet, Gruhonjic (46.' Maury), Kitenge