EE GOL FIR DRÄI WEIDER PUNKTEN


20 September 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

No der véierter Victoire am véierte Match bleiwt eis éischt Ekipp mam Maximum vun de Punkten un der Tabellespëtzt vum 2.Bezirk an der 1.Divisioun.

Den entscheedende Gol géngt Wuermer huet de Yannick Goncalves an der 53.Minutt geschoss. Um Enn hunn déi Blo-Wäiss d'Schlussoffensiv vun de Visiteuren gudd iwerstaan a konnten den 1:0-Virsprong iwert d'Zäit bréngen.

Schonn e Mëttwoch ëm 20.00 Auer geet et um 5.Spilldag weider matt engem Auswäertsmatch zu Stengefort, ier nächste Sondeg ëm 16.00 Auer Gréiwemaacher zu Izeg op Besuch ass.

EKIPP FC IZEG:
Chenard, Gierenz, Y.Cillien, Mehanovic (Costa), Boutarene, Goncalves, Kitenge (F.Makhloufi), Tacchi, Maury (Gruhonjic), Gollette, Schanet