E WEIDEREN EXPLOIT

E WEIDEREN EXPLOIT

  • Um sechste Spilldag ass eiser éischter Ekipp den nächsten Exploit gelongen. Géngt Gréiwemaacher gouf et um Enn en 2:0-Erfolleg, nodeem et an der Paus nach 0:0 stoung.

    D'Visiteuren hunn vun Ufank un probéiert, d'Kontroll vum Match ze iwerhuelen. Eis Jongen hunn awer matt groussem Asaatz dogéintgehal an nëmmen wéineg geféierlech Golaktiounen zougelooss. Wéi kuerz no der Paus e Maacher Spiller matt giel-rout vum Terrain gesat gouf, huet d'Lokalekipp nëmmen e puer Minutte méi spéit vun hirer Iwerzuel profitéiert.

    Matt engem herrleche Lob iwert de Golkipp huet den Dylan Costa (53.') den 1:0 fir Izeg markéiert. Gréiwemaacher konnt och duerno kaum nach Drock opbauen. Déi wéineg Golchancen vum CSG sinn vum Izeger Keeper David Chenard entschärft ginn.

    An der Schlussphas huet den agewiesselten Michael Gollette den Deckel drop gemaach a mam Kapp op 2:0 erhéicht (81.'). Dee véierte Succès am véierten Heemmatch war perfekt, a well de Match vum Avenir Beggen am Pafendall ausgefall ass, klammen déi Blo-Wäiss am Klassement nees op déi éischt Plaatz.

    EKIPP FC IZEG:
    Chenard, Y.Cillien, J.Cillien, Tacchi, Boutarene, Schanet (46.' Gollette), Mehanovic, Perkovic, Costa (77.' Falkner), Kitenge, Gruhonjic (46.' Maury)