DRÄI WEIDER PUNKTEN GÉNGT DIKRECH 


05 May 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Duerch eng verdéngten 5:1-Victoire géngt Dikrech verbessert eis éischt Dammenekipp sech am Klassement op déi 5.Plaatz. Zum Schluss vun enger éischter Halschend, an däer gudd Golchancen eng Raritéit waren, huet d'Amal Cherkane eis Meedercher a Féirung bruet (40.').

Kuerz no der Paus konnt d'Entente Izeg/Cebra bannent e puer Minutten d'Differenz maachen. D'Amal Cherkane (48.'), d'Chantal Graas (51.') an d'Sania Amalou (56.') -nëmmen 1 Minutt no senger Awiesslung- hunn op 4:0 erhéicht an de Match fréizäiteg entscheed. Och op den Dikrecher Uschlossgol (60.') hat eis Ekipp déi richteg Äntwert. Mam Kapp huet d'Melânia Morgado de 5:1 markéiert, dëst war gläichzäiteg d'Schlussresultat.

Fir den Ofschloss vun dëser englëscher Woch geet et e Samschdeg, den 8.Mee weider matt engem Auswäertsmatch zu Jonglënster. Ustouss ass ëm 19h00.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, K.Noesen, Goncalves (62.' Mangen), Morgado, Kettel (46.' Franc), Graas (55.' Amalou), Borges, L.Noesen, Pedrosa, Santos, Cherkane