DRÄI PUNKTEN GÉNGT DEN UELZECHTDALL


19 September 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Eis zweet Dammenekipp konnt sech géngt d'Entente Uelzechtdall hir éischt dräi Punkte secheren. No enger 4:0-Féierung an der Paus stoung et um Enn 8:0 fir d'Entente Cebra/Izeg II.

D'Goler ginn op de Kont vum Sania Amalou (4), Lynn Kettel, Manon Fischer a Shirin Gregorius. Dobei kënnt nach e Selbstgol vum Géigner.

EKIPP ENT.CEBRA/iZEG II:
Besch, Costa, Kettel, Dias, Sousa, Borges, Mangen, Fischer, Gregorius, Amalou, Alves