DRÄI LIICHT VERDENGTE PUNKTEN


17 April 2021

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

An engem eesäitege Match konnt eis éischt Dammenekipp sech um 18.Spilldag matt 9:0 géngt Hesper duerchsetzen. An der Paus stoung et schonn 6:0.

D'Goler fir d'Entente Izeg/Cebra hunn Lisa Noesen (27.', 60.', 84.'), Amal Cherkane (30.', 41.', 44.'), Lynn Kettel (25.'), Chantal Graas (35.') an Catia Santos (62.') geschoss.

Nächst Woch waarden zwou schwéier Aufgaben op eis Meedercher. E Mëttwoch, den 21.Abrëll ëm 19.30 Auer steet den Nodrosmatch géngt de Racing um Programm. Dräi Deeg méi spéit, also e Samschdeg, de 24.Abrëll ëm 19.00 Auer ass den Tabellenzweeten Beetebuerg op Besuch.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, K.Noesen, Goncalves, Morgado (64.' Reinertz), Kettel, Graas (63.' Sousa), L.Noesen, Pedrosa (46.' Mangen), Kieffer, Santos, Cherkane