DEN JOY PAULY STELLT SECH VIR
12 December 2020
Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.
Haut gi mir méi vum Joy Pauly gewuer.
FUSSBALL
- Mäin Alter: 31 Joer
- Meng Positioun: defensiv Mëttelfeld
- Meng Gréisst: 1,83 Meter
- Mäi Spëtznumm: Joyski
- Meng Veräiner bis elo: Perlé, Béiwen, Izeg
- Zu Izeg säit: 2017
- Mäi beschte Match bis elo: géint d'Fola an der Coupe
- Mäi beschte Géigespiller: Stefano Bensi
- Meng schlëmmsten Verletzung: Kräizband
- Mäi Virbild an der Jugend: David Beckham an Andrea Pirlo
- Mäi Lieblingsclub: FC Schalke 04
PRIVAT
- Mäi Beruff: Fonctionnaire
- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: matt Kollegen sinn, Fitness, Reesen
- Mäi Liewensmotto: Wien kämpft, kann verléieren - wien net kämpft, huet schonn verluer!
- Wouriwwer ech mech freeën kann: iwwer Zäit matt de Leit, déi ech gäer hunn, an iwwer all gewonnene Match
- Ween ech gär géif kenneléieren: Shaolin Mönche
- Wou ech gär géif liewen: Kanada
- Mäi Lieblingsiessen: Pizza
- Mäi Lieblingsgedrénks: eng gudd kaal Cola matt Äis an Zitroun
- Mäi Lieblingsmuseker: Coldplay, NF
- Mäi Lieblingslidd: The Scientist
- Mäi Lieblingsschauspiller: Will Smith
- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Gran Torino, The Punisher