DEN IAN RUST STELLT SECH VIR
14 December 2020
Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg
Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.
Haut gi mir méi vum Ian Rust gewuer.
FUSSBALL
- Mäin Alter: 20 Joer
- Meng Positioun: Sechser
- Meng Gréisst: 1,88 Meter
- Mäi Spëtznumm: /
- Meng Veräiner bis elo: Hesper, Izeg
- Zu Izeg säit: Summer 2020
- Mäi beschte Match bis elo: Coupe-Finall matt de Junioren géngt Jeunesse Esch
- Mäi beschte Géigespiller: Ryan Johansson
- Meng schlëmmsten Verletzung: gebrachene Fouss
- Mäi Virbild an der Jugend: Tiago Alcantara
- Mäi Lieblingsclub: Bayern München
PRIVAT
- Mäi Beruff: Digital Marketing
- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Fitness, Reesen
- Mäi Liewensmotto: Sief glécklech a gëff bei allem Vollgas!
- Wouriwwer ech mech freeën kann: iwwert alles
- Ween ech gär géif kenneléieren: Gary Vaynerchuck
- Wou ech gär géif liewen: egal wou, Haaptsaach t'ass waarm
- Mäi Lieblingsiessen: Fajitas
- Mäi Lieblingsgedrénks: /
- Mäi Lieblingsmuseker: /
- Mäi Lieblingslidd: /
- Mäi Lieblingsschauspiller: /
- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Interstellar