DEN ÉISCHTE PUNKT

DEN ÉISCHTE PUNKT

No zwou deelweis däitlechen Nidderlagen huet eis zweet Ekipp um drëtte Spilldag hire Punktekont opgemaach.

Géngt Käerch gouf et en 1:1-Gläichspill, an der Paus stoung et 0:0. Den Alex Faria hat déi Blo-Wäiss duerch en Elefmeter a Féirung bruet, Käerch konnt per Kappball ausgläichen.

An der Schlussphas haten eis Jongen d'Chance op hirer Säit, wéi bannent Sekonnen de Potto an d'Laat e weidere Käercher Gol verhënnert hunn.