DE YOURI CILLIEN STELLT SECH VIR
Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.
Haut gi mir méi vum Youri Cillien gewuer.
FUSSBALL
- Mäin Alter: 24 Joer
- Meng Positioun: Innenverteideger
- Meng Gréisst: 1,83 Meter
- Mäi Spëtznumm: Youyou, Deutsch
- Meng Veräiner bis elo: Mondorf, Hesper, Schengen an Izeg
- Zu Izeg säit: 2016
- Mäi beschte Match bis elo: dës Saison géngt Wuermer (1:0)
- Mäi beschte Géigespiller: /
- Meng schlëmmsten Verletzung: Bänner gerass am lénke Foussgelenk
- Mäi Virbild an der Jugend: Fernando Torres, Fabio Cannavaro
- Mäi Lieblingsclub: FCB (net deen aus Barcelona)
PRIVAT
- Mäi Beruff: Student
- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Klammen, Liesen, Wanderen, Velo fueren a matt de Kollegen eppes ënnerhuelen
- Mäi Liewensmotto: Hard work beats talent when talent fails to work hard
- Wouriwwer ech mech freeën kann: iwwert e gudd Iessen
- Ween ech gär géif kenneléieren: Zlatan Ibrahimovic
- Wou ech gär géif liewen: Norwegen
- Mäi Lieblingsiessen: Lasagna
- Mäi Lieblingsgedrénks: Scotch, Battin
- Mäi Lieblingsmuseker: Travis Scott, Solomun
- Mäi Lieblingslidd: In The Air Tonight (Phil Collins)
- Meng Lieblingsschauspillerin: Scarlett Johansson
- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Vikings
F.C. Blo-Wäiss Izeg