DE PIT GIERENZ STELLT SECH VIR


10 December 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.

Haut gi mir méi vum Pit Gierenz gewuer.

FUSSBALL

- Mäin Alter: 27 Joer

- Meng Positioun: Verteideger (zentral, riets)

- Meng Gréisst: 1,81 Meter

- Mäi Spëtznumm: /

- Meng Veräiner bis elo: Stroossen, Izeg

- Zu Izeg säit: Juli 2020

- Mäi beschte Match bis elo: d'Finall um nationalen Tournoi zu Ettelbreck

- Mäi beschte Géigespiller: Ken Corral, Ryan Klapp

- Meng schlëmmsten Verletzung: Muskelrëss (Quadrizeps)

- Mäi Virbild an der Jugend: Rio Ferdinand

- Mäi Lieblingsclub: Manchester United

 

PRIVAT

- Mäi Beruff: Gestionnaire de projets et finances

- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Reesen an Zäit matt Kollegen verbrengen

- Mäi Liewensmotto: Fail to prepare, prepare to fail

- Wouriwwer ech mech freeën kann: iwwer 3 Punkten

- Ween ech gär géif kenneléieren: Rio Ferdinand

- Wou ech gär géif liewen: Wien, Japan (wann ech d'Sprooch giff kënnen)

- Mäi Lieblingsiessen: Kobe Beef

- Mäi Lieblingsgedrénks: Kaffi, Gin Tonic

- Mäi Lieblingsmuseker: Drake

- Mäi Lieblingslidd: Headlines

- Mäi Lieblingsschauspiller: Sean Connery as 007

- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: The Godfather (den Éischten)

- Wouriwwer ech laachen kann: iwwer gudden Humor