DE MAXIMUM ERAUSHUELEN


05 September 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Eis éischt Ekipp steet virun enger englëscher Woch matt dräi Matcher an Zäit vun 8 Deeg. Am Championnat heeschen déi nächst Géigner Walfer a Beggen, dotëschend trieden déi Blo-Wäiss e Mëttwoch am éischten Tour vun der Coupe de Luxembourg zu Lëntgen un.

Nom gelongenen Optakt géngt Sandweiler ass d'Stëmmung an der Ekipp jiddefalls an der Rei.

"D'Ambiance ass gudd, well et war wichteg, matt engem Erfolleg unzefänken, an dat ass eis gelongen. Mir wëssen awer, et ass nach vill Loft no uewen, an esou si mir an dës Woch eragaangen. D'Jongen hu ganz gudd geschafft", sou den Trainer Paulo Moura.

"Mir mussen elo kucken, dass mir de Maximum aus dëser englëscher Woch eraushuelen, an ech gleewen un d'Jongen", geet de Coach optimistësch un déi nächst Aufgaben erun.

Personnell gëtt d'Auswiel fir de Paulo Moura no an no ëmmer méi grouss. "De Kader ass baal komplett a Gott sei dank sinn d'Jongen esou lues fit."

Op eng eventuell Prioritéit vun denen zwee Championnatsmatcher vis-à-vis vum Coupe-Match zu Lëntgen wollt de Coach sech net festléen. Villméi soll ee Schrëtt nom anere gemaach ginn. "Mir kucke Match fir Match an um Enn vum Dag gesi mir weider. Wichteg ass, dass mir déi gudd Ambiance esou laang wéi méiglech hale kënnen, an dat geet nëmmen iwert gudd Leeschtungen."

Den éischte Schrëtt wëll eis Ekipp muer um Sondeg, am zweeten Heemmatch hannereneen, géngt Walfer maachen. Ustouss um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 16h00, all Ënnerstëtzung ass nees wëllkomm!

Opgrond vun der aktueller Situatioun gëllt et selbstverständlech, sech weiderhinn un déi bekannten COVID-19-Mesuren ze halen.

#netOuniMengMask