DE FABIO STUPICI STELLT SECH VIR


04 December 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Fir d'Zäit ouni Futtball sou gudd wéi méiglech ze iwwerbrécken, profitéieren eis Trainer a Spiller vun der Geléenheet, fir sech hire Supporteren souwuel op sportlechem Plang wéi och privat e bësse besser virzestellen.

Haut gi mir méi vun eisem Co-Trainer Fabio Stupici gewuer.

FUSSBALL

- Mäin Alter: 45 Joer

- Meng Positioun: Co-Trainer

- Meng Gréisst: 1,83 Meter

- Mäi Spëtznumm: /

- Meng Veräiner bis elo: déi zwee lescht: Stroossen an Izeg

- Zu Izeg säit: 2019

- Mäi beschte Match bis elo: Victoire zu Beggen (1:2) dës Saison

- Mäi beschte Géigespiller: Carlo Weis

- Meng schlëmmsten Verletzung: Rass an der Nier

- Mäi Virbild an der Jugend: /

- Mäi Lieblingsclub: Juventus


PRIVAT

- Mäi Beruff: Ressources humaines

- Meng Hobbyen nieft dem Fussball: Liesen, Reesen

- Mäi Liewensmotto: vun all Dag profitéieren

- Wouriwwer ech mech freeën kann: iwwert ee gudd Iessen

- Ween ech gär géif kenneléieren: Stephen King

- Wou ech gär géif liewen: Bora Bora

- Mäi Lieblingsiessen: italienesch Kichen

- Mäi Lieblingsgedrénks: roude Wäin

- Mäi Lieblingsmuseker: U2, Coldplay

- Mäi Lieblingslidd: eng Rutsch

- Mäi Lieblingsschauspiller: /

- Mäi/Meng Lieblingsfilm/-serie: Horror an Psycho-Thriller

- Wouriwwer ech laachen kann: iwwert alles