DAMMEMATCH GÉNGT ELL OFGESOT!

DAMMEMATCH GÉNGT ELL OFGESOT!

De Championnatsmatch vun eiser éischter Dammenekipp géngt Ell, deen haut den Owend hätt solle gespillt ginn, ass opgrond vun engem Krankheetsfall bei eise Gäscht ofgesot!

Um Programm bleiwt de Match vun eiser zweeter Ekipp, déi am Klassement vun der Ligue 2 momentan op der véierter Plaatz steet. D'Entente Cebra/Izeg II spillt haut doheem géngt den Tabellenzweeten Entente Pafendall/Hamm.

Ustouss um synthetëschen Terrain zu Izeg ass ëm 19.00 Auer, eis Meedercher fréen sech op all Ënnerstëtzung!

Opgrond vun der aktueller Situatioun gëllt et selbstverständlech, sech weiderhinn un déi bekannten COVID-19-Mesuren ze halen.

#netOuniMengMask