DÄITLECH VICTOIRE ZU NIDDERKUER

DÄITLECH VICTOIRE ZU NIDDERKUER

Eis éischt Dammenekipp huet hiren Nodrosmatch vum zweete Spilldag zu Nidderkuer matt 10:0 däitlech fir sech entscheed. An der Paus louch d'Entente Izeg/Cebra 4:0 a Féirung. D'Goler hunn Lisa Noesen (3), Amal Cherkane (2), Catia Pereira, Sara Borges, Lea Kieffer, Solange Leite Fonseca a Mara Durabile geschoss.

Duerch dëse Succès iwerhuelen eis Meedercher, opgrond vun der besserer Goldifferenz, d'Tabellespëtzt vun de Ligue 1 virum punktgläiche Co-Leader Jonglënster.

EKIPP ENTENTE IZEG/CEBRA:
Schlimé, Kieffer, Leite Fonseca, Pedrosa, Goncalves, Cherkane (58.' Silva), Pereira, Noesen, Borges (61.' Durabile), Morgado Morais, Amalou (54.' Sousa)