D'JONGE SI PRETT


29 August 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

  1. Dëse Weekend gëtt et eescht fir eis éischt Ekipp. Muer um Sondeg trieden déi Blo-Wäiss an hirem éischte Championnatsmatch vun der Saison 2020/21 an der 1.Divisioun géngt d'Nopere vu Sandweiler un. Am Virfeld stoung de Coach Paulo Moura zur aktueller Situatioun Ried an Äntwert.

    Wéi zefridden ass den Trainer matt der Preparatioun?

    P.M.: D'Preparatioun war vun Ufank un net einfach, well mir all déi Regelen missten anhalen. Do war vill Organisatioun gefrot. Awer am Ganzen sinn ech zefridden. Schued, dass mir zwee Spiller matt Kräizbandverletzungen verluer hunn.

    Wat gëtt et nach ze verbesseren?

    P.M.: Dat gesi mir elo an de Matcher, well elo zielt et, an d'Uspanung ass elo ganz anescht.

    Wat ass d'Haptziel fir dës Saison respektiv fir den éischte Match?

    P.M.: D'Haptziel ass de Maintien, a wa mir kënne mathalen, dann méi. Den éischte Match ass ganz wichteg fir d'Confiance. Mol kucken, d'Jonge si prett!

    Wéi ass de Géigner Sandweiler anzeschätzen?

    P.M.: Ech wees et net. All Ekipp hat et schwéier matt all dene sanitäre Regelen. Mee ech denke, mir si prett, fir géint de Géigner opzelafen.

    Steet fir den Optaktmatch -matt Ausnahm vun denen zwee blesséierte Spiller- de komplette Kader zur Verfügung?

    P.M.: Nee, leider steet net de ganze Kader zur Verfügung. Mee dat soll keng Excuse sinn. Jidderee wees, wat ze maachen ass, an d'Jonge wëllen.

    Ustouss muer de Mëtteg um Stade Albert Kongs zu Izeg ass ëm 16h00. All Ënnerstëtzung ass wëllkomm!

    Opgrond vun der aktueller Situatioun gëllt et selbstverständlech, sech weiderhinn un déi bekannten COVID-19-Mesuren ze halen.

    #netOuniMengMask