BIS DÉI ALLERLESCHT MINUTT
Eis éischt Ekipp hat och um 7.Spilldag d'Reussite op hirer Säit. Bei der Union Réimech/Bus hunn déi Blo-Wäiss zwee Mol e Réckstand opgeholl, ier et um Enn en 3:2-Erfolleg gouf. Béid Ekippe ware matt engem 1:1 an d'Paus gaang.
An der 18.Minutt war d'Lokalekipp duerch de Christophe Daniels a Féirung gaang, mee nëmme 7 Minutte méi spéit huet de Pierre Maury den 1:1 markéiert. Direkt no der Paus war et nees d'Union Réimech/Bus, déi d'Nues vir hat, wéi en herrleche Schoss vum Bachir Aroussi (47.') am Wénkel geland ass. Duerno huet et bis an d'Schlussphas gedauert, ier den Alain Schanet matt engem Wäitschoss eng zweete Kéier ausgläiche konnt (75.').
Dem Paulo Moura seng Spiller haten awer nach ëmmer net genuch a goufen an de leschte Sekonne fir hire groussen Asaatz belount. Den agewiesselten Anes Gruhonjic huet an der 90.Minutt aus dem Gewulls eraus den 3:2 geschoss an dofir gesuergt, dass eis Ekipp och weiderhinn matt dräi Punkte Virsprong un der Tabellespëtzt bleiwt.
EKIPP FC IZEG:
Chenard, Costa, Y.Cillien, Mehanovic, Boutarene, Goncalves, Kitenge (65.' F.Makhloufi), J.Cillien (25.' Falkner), Tacchi, Maury (75.' Gruhonjic), Schanet
F.C. Blo-Wäiss Izeg