
AUSWÄERTSERFOLLEG BEIM TABELLENÉISCHTEN
Eis éischt Ekipp huet sech um 12.Spilldag zu Sandweiler matt 1:0 duerchgesat an dem Noper domatt déi éischt Nidderlag fir dës Saison bäibruet.
Â
Déi Blo-Wäiss hunn zumols an der éischter Halbzeit iwerzeegt a sinn no 35 Minutten duerch den Erik Perrey a Féirung gaang. No der Paus koum Sandweiler besser an de Match, ouni sech awer honnertprozenteg Golchancen erauszespillen.
Â
Am Klassement setzt eis Ekipp sech no dëser Victoire matt elo 19 Punkten an der ieweschter Halschend fest.
Â
EKIPP FC IZEG: Chenard, Almeida, Falkner, Skenderovic, Bousseau, Marques, Faber, Perrey (75.‘ Gales), Louadj, Yagremongo (75.‘ Sinanovic), Fernandes
Â
Nächste Sondeg, de 26.November geet et weider mam 13.Spilldag géngt Bieles. Ustouss ass ëm 16 Auer um Stade Albert Kongs zu Izeg.
Â