Auslousung vun der Coupe: Izeg & Beetebuerg


15 September 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum Football Club Swift Hesper

An der Coupe de Luxembourg kënnt et an der 1/32-Finall zu engem ganz interessanten Match. Méi Derby ass net méigeleg, sou sinn mer tatsächlech géint den 2.Veräin aus der Hesper Gemeng geloust ginn! Den 18.Oktober kënnt et also zum Duell tëscht dem FC Swift Hesper an dem FC Blo-Wäiss Izeg! Gespillt get bei eisen Noperen am Stade Albert Kongs!
E ganz schwéiert Lous hun eis Dammen gezunn: Den 12.Dezember spillen si géint den SC Beetebuerg, de Match gëtt zu Beetebuerg gespillt.