90 MINUTTEN ALLES GINN


17 October 2020

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

Am zweeten Tour vun der Coupe de Luxembourg war fir eis éischt Ekipp Endstatioun. Virun iwer 500 Zuschauer um Hollëschbierg ass géngt den Noper vun Hesper d'Iwerraschung leider ausbliwen. Um Enn stoung et 4:0 fir de Swift, dee matt engem 2:0-Virsprong an d'Paus gaang war.

Et sollt wéi erwaart dee schwéiere Match ginn, deen een sech virdrun erwaart hat. De Favorit aus der BGL Ligue huet vun Ufank un Ball a Géigner lafe gelooss. Den Izeger Plang, soulaang wéi méiglech hannen d'Null ze halen, gouf schonn no 7 Minutten iwert de Koup gehäit, wéi de Leonil mam Kapp den 1:0 fir Hesper markéiert huet.

Déi Blo-Wäiss hunn awer net resignéiert a weiderhin matt groussem Asaatz dogéngt gehaal. Den zweeten Hesper Gol vum Mélisse (33.') huet nach virun der Paus d'Virentscheedung bruet.

Nom Säitewiessel waren eis Jongen dem Uschlossgol zwee Mol duerch de Michaël Gollette zimlech nokomm. Fir d'éischt konnt awer de Swift-Golkipp Joubert an héchster Nout retten, kuerz duerno huet de Potto verhënnert, dass déi Blo-Wäiss sech fir hire groussen Opwand beloune konnten.

Tëschend denen zwou Izeger Grousschancen war et de Perez, deen den Hesper Virsprong weider ausgebaut huet (53.'). Dem Paulo Moura seng Spiller hunn sech dovun awer genausou wéineg beandrocke gelooss, wéi vun der rouder Kaart fir den Harun Mehanovic, deen an der 79.Minutt fir eng Noutbrems vum Terrain gesat gouf. Et ass gekämpft ginn bis zum Schluss!

De véierten Hesper Gol vum Benamra (84.') war gläichzäiteg d'Schlussresultat géngt eng Izeger Ekipp, déi zu kengem Moment de Kapp hänke gelooss huet an déi sech fir hir Leeschtung absolut net muss schummen.

Op dëser Plaatz wëllen eis Spiller och nach vun der Geléenheet profitéieren, all hire Supporter a ganz speziell dene villen Izeger Jugendspiller Merci ze soen fir déi formidabel Ënnerstëtzung!

EKIPP FC IZEG:
Chenard, Costa, Y.Cillien, Falkner, Mehanovic, Boutarene, Tacchi (78.' Perkovic), Schanet (53.' Kitenge), Goncalves, Maury (70.' F.Makhloufi), Gollette