2:3 Victoire zu Käerjeng!


01 February 2023

HESPER VERÄINER

Créé par Football Club Swift Hesper

Um Mëttwochowent stoung den Testmatch tëschend dem Siwft an Käerjeng un, daat auswärt zum Käerjenger Dribbel. D‘Lokalekipp konnt, net onverdengt, eng 2:0 Féierung opbauen, daat duerch en 11m an en regulären Goal, ma d‘Reaktioun sollt net ausbleiwen. Den Dominik Stolz an de Maurice Deville (mat zwee perséinlechen Goaler) konnten de Match dréinen, um Enn wannen mir den Testmatch mat 2:3!