ONGLÉCKLECH VERLUER


04 April 2024

HESPER VERÄINER

Erstallt vum F.C. Blo-Wäiss Izeg

An der Véirelsfinall vun der Coupe FLF war fir eis éischt Ekipp zu Jonglënster Endstatioun. Déi Blo-Wäiss goufen um Enn net fir hir engagéiert Leeschtung belount an hunn sech missen no Verlängerung matt 1:3 geschloë ginn.
 
Déi fréi Féirung fir d‘Lokalekipp (17.‘) konnt de Joachim Milla no enger halwer Stonn ausgläichen. Nodeem op béide Säiten eng Rei gudd Geléenheeten net genotzt goufen, ass et an d‘Verlängerung gaang. Hei hätten déi Blo-Wäiss e puermol de Sak kënnen zoumaachen, ier en ofgefälschten Fräistouss (115.‘) an e Konter an der Nospillzäit (120+3.‘) de K.O. bedeit hunn.
 
Kapp héich Jongen, weider geet et!
 
EKIPP FC IZEG: Chenard, Milla (81.‘ Faber), Skenderovic, Jacinto (104.’ Mota), Bousseau, Marques, Dos Reis, Myre, Louadj, Schroeder (73.‘ Fernandes), Gales (55.‘ Yagremongo)
 
Nächste Sondeg, de 07.Abrëll steet de Championnatsmatch vum 23.Spilldag bei der Luna vun Uewerkuer um Programm. Ustouss um Stade Jaminet ass ëm 16.00 Auer.